De Flöck presentéiert vum Mady Durrer
Den C2 huet haut e besonnesch flotte Mueren mam Mady Durrer erlieft. T’Mady huet mat vill “Tam Tam” an Iwwerzeegung aus hirem Kannerbuch “De Flöck” virgelies.
T’Kanner ware begeeschtert, net nëmme vun der Geschicht mä och vun de flotte witzegen Zeechnungen vum Annick Sinner.
Hoffe mir just dass se den Owend hirem Hond t’Oueren net an t’Faarfdëppchen zappen 😉