Science-Center

D‘lescht Woch ware mir mat eiser Klass an
de Science-Center op Déifferdéng.
Während 1 Stonn konnte mir an engem grousse Raum all méiglech wëssenschaflech Erfahrunge maachen:
– mir konnten eis mat Hëllef vu Seeler a Pouliën selwer an d’Luucht zéien
– mir konnte eis selwer e klenge Stroumschlag verpassen
– mir hunn eis onendlech Mol an dräieckeg opgestaltenen Spigele gesinn
– mir konnte Robotere steieren
– mir konnten a kineteschem Sand knieden
… an nach vill aner flott Statiounen…
Duerno si mir nach an eng Virféierung vun Experimenter gaangen.
E jonke Wëssenschaftler huet mat enger Vakuumpompel flott Experimenter gewisen. Duerno huet hie mat flëssegem Stéckstoff ganz erstaunlech Saache gemat. Mir waren all ganz begeeschtert, an hoffen d’nächst Joër nees dohinner ze goën fir nach weider Experimenter gewisen ze kréien.
Klass David/Speyer