Aktuell

Codéieren

Am Moment codéiere mir mat der „Turtle“. D’Turtle, also d’Schildkröt, versteet keen Däitsch oder Franséisch mä LOGO, eng Programméiersprooch, déi extra fir d’Schoulen entwéckelt gouf. Si zeechent genau mat deene Befeeler, déi mir hir soen.
D’Kanner brauchen dofir nëmmen e Browser a kënnen direkt starten.
Dobäi ginn dann och vill Begrëffer aus der Geometrie gebraucht a widderholl.

Weider Detailer mat Beispiller.