Abschied Marc Schneider

Den allsäits beléifte Schoulmeeschter Marc Schneider huet sech eng nei professionell Erausfuederung gesicht. No laange Joeren zu Kielen ass hien als Schoulmeeschter an den CHL gewiesselt, wou hien schwéierkrank Kanner ënnerriicht.
Am Kader vun enger klenger Feier hu mir dem Marc Äddi gesot. Mir wënschen him vill Erfolleg a Satisfactioun a senger neier Tâche.