Adventsaktioun

Dezember ass Adventszäit a vill vun eis maachen all Dag eng Dierchen vum Adventskalenner op.
An de soziale Medien ass virun e puer Wochen eng Aktioun lancéiert ginn, bei där och d’Kielener Schoul matgemaach huet. Et geet dobäi ëm een e bëssen extraen Adventskalenner, bei deem ee während der Adventszäit all Dag en haltbare Produit an eng Këscht leet an déi Këscht dann fir Chrëschtdag engem Bedürftege schenkt.
An de läschte Wochen hunn d’Schüler een oder zwee Artikele matbruecht, fir an dësen Adventskalenner ze leeën.
Eis Këscht ass herno bei d’Stëmm vun der Strooss gefouert ginn an déi huet sech iwwer all déi Saache gefreet.

E grousse Merci un all déi di bei dëser Aktioun matgehollef hunn.