An de Gromperen
Mir sinn op den Unhänger vun engem Trakter geklommen an op e Gromperestéck gefouert ginn. Eng al Gromperemaschinn huet d’Gromperen aus dem Buedem geworf a mir hu se agesammelt.
Zréck um Bauerenhaff hu mir d’Gromperen mat enger Maschinn gesënnert. Di déck Gromperen hu mir duerno an der Kichen geschielt a gerappt. An dee Gromperebräi ass nach Péiterséilech, Ënnen, Salz an Eeër gemëscht ginn. An du konnt et lassgoen: mir hunn immens lecker Gromperekichelcher op enger aler Kachmaschinn gebrode kritt! Puppsat si mir nees zréck op Kielen gefuer. Dat war e flotten Dag. Klass David-Speyer