Besuch um Biohaff

De 14. Dezember huet eng Klass aus dem Cycle 3.1 e ganze Moien um Biohaff Witry zu Dippech verbruecht. D’Kanner hunn aktiv beim Fidderen vun de Källefcher an de Kéi matgehollef. D’Begeeschterung war grouss fir am Stall de Kéi hir „Better“ ze maachen, och wann et verschiddenen vun hinnen net ganz gehéier war an de Stall ze goen.
Duerno konnten d’Kanner verschidden Zorten vu Getreider ënnersichen: de Weess, den Huewer, d’Giéscht an de Roggen.
Mat enger „Zaubermaschinn“hunn sie aus deene Käeren Muesli gemaach. Dat hunn si sech mat gedrëchenten Friichten wéi Äppel, Roséngen a Banannen gutt schmaache geloss. Klass Marc Schneider

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert