Den Dag vum Buch

De Cycle 3 huet e Freideg, den 10. Mai den Dag vum Buch gefeiert. Um Programm stungen d’Vertounen vun engem Buch,  d’Kachen a Schmaachen, d’Bastelen vun engem Fillbuch fir Blanner.

Am Bakatelier hunn d’Schüler lecker Panecher gebak an dozou Uebstspiisser gemaach.
Am Bastelatelier ass e Buch gebastelt ginn, dat extra fir Blanner geduecht ass: eng Maus sicht sech e Frënd.
Am drëtten Atelier huet de Cycle 3.1 d’Geschicht “die Badehose” vertount. De Cycle 3.2 huet eng Pirategeschicht vertount. D’Kanner hu sech vill Méi ginn an haten awer och vill Spaass.