De Schülercomité beim Schäfferot

De Buergermeeschter a säin éischte Schäffen hunn eise Schülercomité haut op der Gemeng empfang.

Op der Dagesuerdnung stoungen eng Pizza, d’Virstellung vun der neier Schoul an éischt Erklärungen zum “Séchere Schoulwee”.

Bei där Geleegenheet konnten d’Schülervertrieder dann och de Gemengepäpp hir Wënsch matdeelen.

Et war eng ganz flott Experienz, déi ee gär méi oft widderhuele kann!