De Schülerkommitee op Visite beim Schefferot

Eise Schülerkommitee hat haut déi grouss Éier vum Schefferot ëmpfaang ze ginn.

Am grousse Sëtzungssall konnten d’Delegéiert dem Schefferot all déi Froe stellen, déi si am Virfeld an hire Klasseréit opgestallt haten.

De Schefferot stoung Ried an Äntwert an huet och nach esou munnech Erklärungen zum Fonctionnement vun der Gemeng geliwwert.

Uschléissend huet de Schülerkommitee enger Vertriederin vun der Croix-Rouge e Chèque mam Erléis vum “Laf fir d’Ukrain” iwwerreecht.

An zu gudder Lescht huet de Schefferot dunn op déi traditionell Pizza invitéiert. 😋