D’Schoul Kielen spend 42.768,22 € fir d’Ukrain!
Haut de Mëtten huet eise Schülerkommitee dem Roude-Kräiz e Chèque vun 42.768,22 € iwwerreecht.
Domat soll de Leit an der Ukrain gehollef ginn.
Dëss stolz Zomm ass beim “Laf fir d’Ukrain” vum 18. Mäerz zesummekomm.
E grousse Merci un d’Sponsoren an un all déi Bedeelegt!