Eis Schoul leeft fir d’Ukrain
Den 18. Mäerz war eis ganz Schoul mobiliséiert fir de Leit aus der Ukrain ze hëllefen.
D’Schüler*innen hu sech engagéiert fir d’Ukrain ze lafen. Am Virfeld hu si sech Laf-Sponsore gesicht.
Den Ofschloss war eng spektakulär Aktioun um Fussballterrain, déi och aus der Loft gefilmt gouf!
De spektakulären Erléiss vun 42.768,22 € spende mir dem Roude Kräiz.
Jidderengem e grousse MERCI dofir!!
Klickt op de Fändel fir de Film ze kucken!