Eise Schülercomité op Besuch beim Schefferot

De Schefferot huet den 20. Mäerz eise Schülercomité op der Gemeng empfaang.

Um Ordre du jour stoung eng Pizza 😋 an eng gemeinsam Réunioun.

Dobäi kruten d’Schüler aktuell Infos iwwert déi nei Schoul zu Elmen a si konnten dem Schefferot Froe stellen.

Donieft sinn si och nach “en avant-première” hiren Avis zu 2 Velo-Projete gefrot ginn, déi op grouss Begeeschterung gestouss sinn.

Mir soen dem Schefferot villmols Merci fir d’Invitatioun an hiert oppend Ouer a freeën eis elo schonn op eis nächst Entrevue!