Formatioun WordPress

Am Kader vun eisem neie PDS huelen dëser Deeg 43 Enseignanten aus eiser Schoul un enger schoulinterner WordPress-Formatioun deel.
Dës Formatioun soll hinnen et erméiglechen selwer Bäiträg op eiser Schoul-Homepage ze posten, an déi esou nach méi lieweg an aktuell ze gestalten. Vun hei aus schonn mol e grousse Merci un eisen, och schoulinternen Formateur, den Kolleg Jean-Paul Schon!