Fränk Schleck a Francine Closener zu Kielen

Den Ex-Proficoureur Fränk Schleck an d’Staatssekretärin Francine Closener waren haut op Besuch an eiser Sportshal. Am Kader vun enger klenger sympathescher Feier hu si de Kanner aus de Cyclen 3 a 4, stellvertriedend fir 12.000 weider Schüler aus dem Land, d’Gadgete fir den Tour de France iwwerreecht.

D’Kanner haten sech am Virfeld informéiert a Froe preparéiert, op déi de Fränk Schleck ganz ausféierlech geäntwert huet. Natirlech hu si och vun der Situatioun profitéiert fir sech hire neie Spooky-T-Shirt vum Fränk signéieren ze loossen. Ofschléissend huet dee richtege Spooky dunn den Éieregäscht och nach e “Spooky on tour”-T-Shirt geschenkt.

D’Kanner sinn elo op alle Fall beschtens fir de Passage vum Tour gerüst a freeë sech elo schonn op dat grousst “Spooky on tour” – Schoulfest vum 3. Juli!

Natirlech ass jiddereen, op grouss oder kleng häerzlech invitéiert fir ab 12h00 un deem Fest deelzehuelen. Fir Iessen a Gedrénks ass beschtens gesuergt, den Tour kann op engem Riesenécran suivéiert ginn, et si Stroossekünstler do, d’Caravane an den Tour fueren direkt laanscht d’Nues, ab 16h30 ginn et Bühnespektaklen, an natirlech wäert och eise Spooky opdauchen!