Retraite Georges Simon

De 26. Juni huet d’Kielener Grondschoul zesumme mat de Kielener Gemengeverantwortlechen den Abschied vum Schoulmeeschter Georges Simon aus dem aktiven Déngscht an d’wuelverdéngte Pensioun gefeiert. De Georges Simon ass Ufank der achtzeger Joren no senger Ausbildung an der Gemeng Kielen ugestallt ginn. Hie war ouni Ënnerbriechung Schoulmeeschter zu Kielen wou hien di éischt Joren Klassen ënnerriicht huet. Duerno huet hien seng Verantwortung an der Classe d’appui iwwerholl. Ausserdeem huet de Georges während ville Joren d’Interessen vum Léierpersonal als Delegéierten vertrueden.
Mir wënschen dem Georges vill flott Stonnen a sénger Pensioun.