Konschtausstellung am Préscolaire

E Freiden de 7. Juni hunn d’Kanner aus der Spillschoul mat vill Houfert hier Konschtwierker presentéiert, déi sie während e puer Wochen gemoolt a gebastelt hunn. D’Elteren konnten duerch déi 6 Klassen zirkulieren an de Kanner hier Wierker bestaunen.
Vu Rosina Wachtmeister, iwwert Miro an Hundertwasser wor bal alles vertrueden.
Di kleng Kënschtler, souwéi hir Gäscht wore begeeschtert.