Léiere mat Lego

Fir Grondschoulkanner ass et oft schwéier ze verstoen, wéi technisch a mechanisch Prinzipien funktionéieren. Mat LEGO® Education – Simple Machines ass dat vill méi einfach! Mat grousser Motivatioun bauen d’Kanner technisch Modeller no. Duerch Variatioun kënnen sie och tüftelen bis datt e Modell sou funktioniert, wéi si dat wëllen. Am Géigesaz zum Theorieunterrëcht léieren d’Schüler duerch handlungsorientéierten Unterrëcht méi séier a méi nohalteg.
Mir hunn dës nei Këschten ausprobéiert an dat war och méi liicht wéi geduecht. Och wa bal all Schüler LEGO scho kennt, sou ass hei dach e pädagogescht Konzept dohanner.
De Set EINFACHE MASCHINEN geet vun einfach bis méi komplizéiert an erlaabt et di mechanesch Prinzipien deenen de Schüler och am Alldag bei allerlee Geräter begéint, spilleresch ze vermëttelen. Dem Schüler säi Wuertschaatz erweidert sech ëm geleefeg technesch Begrëffer: (Rad, Achse, Zahnrad, Rolle, Übersetzung, Hebel, …)
Alter: 7+ | 1-2 Schüler pro Set | 204 Deeler
Klass Jean-Paul Schon