Lü-Virstellung

Gëschter konnten d’Kanner aus de Cyclen 2-4 e flott Spill an der Sportshal ausprobéieren: Lü. Heibäi handelt et sech ëm eng interaktiv Mauer. D’Kanner kënne verschidden Aufgaben léisen, andeems se mam Ball op déi richteg Plaatz schéissen. D’Spill hat décke Succès an d’Kanner hu sech köstlech ameséiert. Elo muss nach ofgeklärt ginn, ob mir esou e System fir Kielen kafen.
Weider Detailer mat Video op https://www.lu-gym.com.