Makerfest Wanter 2019

Klassen Wiltgen, Appelbaum

D’Makerfest, dat dëst Joer erëm am Forum Geesseknäppchen seng Diren opgemaach huet, ass eng Plaz wou Kanner léieren, Roboteren an allerlee elektronesch Gadjet’en ze programméieren.
All Kand kann sech an deen Atelier aschreiwen, deen him gefällt. Di eng Kanner hunn eng LED-Blumm gebastelt, di aner hu sech mat “Mindcraft Education” eng eege Welt um Computer erstallt oder engem Roboter mat Spillkaarten e Wee bäibruecht. Weem et Spaass mecht en Solarluucht ze bauen, dee konnt och mat engem Léitkollef eng elektronesch Schaltung zesummeléiden oder awer eng einfach Melodie op engem selwergebaute Synthesizer komponéieren. Oder versichen, eng Drohn an en Ziel ze steieren a gläichzäiteg verstoen, wéi esou en Apparat eigentlech funktionéiert.
Dobäi vergeet d’Zäit immens séier, an d’Schüler wonneren sech, wéi séier et Mëtteg ass. Si kënne leider net alles ausprobéieren wat um Makerfest ugebuede gëtt. Awer d’Freed um Erfolleg ass grouss an esou komme vill Schüler op d’Iddi, doheem emol erëm selwer eppes ze kniwwelen, ob mat oder ouni Elektronik.