Visitt beim Mëllechbauer (2)

Klassen Wiltgen, Appelbaum

Nodeems d’läscht Woch eng Klass aus dem Cycle 3.1 de Baurenhaff Biever um Katterwang besicht huet, waren et e Mëttwoch, den 18.Dezember, 2 Klassen aus dem Cycle 3, déi sech moies den Haff Peller vu Keespelt a mëttes den Haff Binck vu Kielen ugekuckt hunn. Mir sinn op all Haff ganz frëndlech empfaange ginn. D’Schüler hu vill Froe gestallt a kruten och ëmmer eng kandgerecht Äntwert. Am Kader vun der Woch vun der Mëllech, war et eng gutt Geleeënheet, de Schüler ze vermëttelen, wou eist Iessen hierkënnt a wéi en Opwand dofir néideg ass.
Op dëser Plaz e Merci un all di Mëllechbaueren aus der Gemeng Keilen, déi mat vill Engagement gewisen hunn, wéi si d’Mëllech produzéieren.