Visitt beim Mëllechbauer (1)

Klass Jeanne Beckius

E Freideg, de 14 Dezember 2019, huet eng Schoulklass am Kader vun der “Semaine du lait” de Baurenhaff Biver um Kattrewang besicht. De Mëllechbauer Joé Biver huet säi Betrieb mat vill Begeeschterung all de Kanner virgestallt.
D’Schüler hunn duerno d’Kéi gefiddert, dem Melkroboter “Astronaut” nogekuckt, Mëllechprodukter an och Uebst geschmaacht.
Och e Minister, den Här Romain Schneider, war op der Plaz an huet zum Thema geschwat. D’Schüler sinn och interviewt ginn a si konnten hir Meenung an de Mikro soen.
De ganze Reportage ass de 14. Dezember owes am RTL-Journal diffuséiert ginn.