Mir ginn op de Bio-Bauerenhaff

Den 10. Oktober ware mir op Dippech op den Haff Witry.

Mir hunn d’Källefcher gefiddert, dem Bauer beim Sträichen nogekuckt a frësch Mëllech geschmaacht. Dobäi si mir vill iwwert d’Kéi an d’Aarbecht um Bauerenhaff gewuer ginn.

Nodeems mir d’Kéi op d’Wiss gelooss haten, hu mir aus frëscher Mëllech fir d’éischt Ram an duerno Botter gemaach. Dat war ustrengend! Mee dofir huet eis Botterschmier duerno awer och extra gutt geschmaacht.

Et war esou flott beim Bauer, datt mir him esouguer zum Schluss mat grousser Freed den Haff gekiert hunn!