Komesch Maschinn am Schoulhaff
Et geet weider! Schonn erëm ass haut am Schoulhaff vun der Zentralschoul eng Rumm aus Metall fonnt ginn. Et gesäit aus wéi d’Iwwerreschter vun enger elektrëscher Maschinn. Vill Kanner hu gemengt et wäer vläicht eng Popcorn-Maschinn gewiescht.
E puer Kanner hunn e Croquis gezeechent oder alles photographéiert.
Och e puer geheimnisvoll Zeechen sinn an dat Gestell agravéiert: “ENERGY”, “13° OST” an “elev. 33”.