De Precoce engagéiert sech fir den Télévie
De Precoce vun Olm, zesumme mat der Maison Relais vun Olm, haten e klengen Ouschtermaart mat Kaffisstuff organiséiert, wou den Erléis intégral wäert un den Télévie goen. D`Kanner hu wéi geckeg gebastelt a ware begeeschtert fir hir Saachen ze verkaafen. Och d´Kaffisstuff hat decke Succès, a mir si méi wéi stolz, dass mer den 21.4 e Scheck vun 2018 Euros kennen iwwerreechen!!!!! E grousse MERCI jidderengem deen dozou beigedro huet!