Mir maache Sauerkraut

Klass Jeanne Beckius

S auerkraut ass an de läschte Joren  e wéineg an de Vergiess geroden. Zu Onrecht, well et huet vill Vitamin C. En traditionell “Choucroute garnie” ass ouni Sauerkraut net méiglech. Awer wéi mecht ee Sauerkraut? Eng Klass aus dem Cycle 3 huet dat ausprobéiert.
De “Gaard an Heem Kielen-Ollem” hat am Schoulgaart schonn alles virbereet, wéi mir do ukoumen.  Natierlech brauch ee wäisse Kabes. Dofir hu mir fir d’éischt de Kabes mat engem Messer ofgeschnidden. Di Blieder baussen hu mer op de Kompost gehäit. Duerno hu mer de Kabes mat enger Kabesrapp a kleng Stécker geschnidden. Déi koumen dunn an en Dëppen mat Salz, e wéineg Zocker, Lorbeerblieder, a Wakelter- a Pefferkären. Mat engem Stampfer hu mer gestampft bis de Jus do war. Bei der Aarbecht hu mer eis ofgewiesselt. Zum Schluss hu mer dat Ganzt mat e puer Kabesblieder an engem wäissen Duch ofgedeckt. Elo nach e puer Woche waarden an dann ass d’Sauerkraut fäerdeg.
Mir hunn awer och nach en Tour duerch de Schoulgaart gemaach. Do gëtt et ëmmer eppes ze entdecken. E puer Käeren Hammbier zum Beispill. Un der Heck hungen der nach e puer. Déi Schüler, di ze lues waren, krute frësch geschielte Muerten aus dem Gaart. Och lecker!
No annerhallef Stonn war alles gedoen. E besonnesche Merci un di symphatesch Equip vum Kielener “Gaard an Heem” déi eis di flott Aktivitéit ugebueden huet.

Ich war begeistert vom Sauerkraut. Ich mag es, im Garten mit meinen Händen zu arbeiten. Mit ein paar Freunden habe ich mich auch hinter dem Gartenhäuschen versteckt, als gerade niemand aufpasste. Danke Schulgarten, das war ein schöner Vormittag.
William