Am Kielener Schoulgaart
Och dëst Joer ass scho fläisseg am Schoulgaart geschafft ginn. Mir hunn enger Klass aus dem cycle 3 bei der Aarbecht iwwert d’Schëller gekuckt. E grousse Merci un all déi Fräiwëlleg aus dem Kielener Gaart an Heem, déi all Joer den “Terrain préparéieren”, an domat esou Aktiounen erméiglechen.