Besuch am Park “Sënnesräich”

Klass David/Speyer
D’ Klass David/Speyer C3.1 huet ee flotten Dag am Park Sënnesräich zu Lëllgen verbruecht.
Kucken, richen, schmaachen, héieren a fillen – am Sall an am Gaart vun de 5 Sënner ware Spannung an Erliefnis pur ugesot. Um Airtramp, am Labyrinth an op der Spillplaz konnten si sech esou richteg austoben an dobanne ganz vill Experimenter ausprobéieren.

  • Philippe: Um Buerféissparcours sinn ech iwwer Holz, Steng, Sand a villes méi mat plakege Féiss getrëppelt.
  • Noémy: Am stackdäischtere Raum hunn ech meng Hand net méi viru mengen Aen gesinn.
  • Cédric: Am Labyrinth hu mir eis verstoppt fir net gefaang ze ginn.

>> https://www.sennesraich.lu