Spooky-Expo

Mir invitéieren all Elteren an hir Famill op eis Spooky-Expo, e Méindeg, den 30. Abrëll vu
14-16 Auer. Mir weisen an eiser Ausstellung d’Aarbechten zu eise Wäerter: Rou, Engagement, Pünktlechkeet, Selbstännegkeet, Éierlechkeet, Kooperatioun, Toleranz an och Respekt.
Schüler aus dem cycle 4 féieren Iech duerch d’Ausstellung a ginn di néideg Erklärungen. Och e Stéck Kuch kënne mir Iech offréieren. All hallef Stonn si Live-Virféierungen am Amphi-Theater geplangt: 14h30 – 15h00 – 15h30.

Mir freeën eis op äere Besuch. Rendez-vous am Haaptgebai (A) vun der Zentralschoul.