Markiert: Schoulrätsel

Spueren am Haff

Mir hunn haut net schlecht gestaunt, wéi mir am Haff Spueren entdeckt hunn. Donieft louch erëm Popcorn… War eise Spooky vläicht e bësse virweltzech? Mir freeën eis elo schonn op den 31. Mäerz. Fir...

Kontakt hiergestallt !

Nodeems op engem Stéck Schrott Koordinaten entdeckt goufen, an nodeems et eis gelong ass e Message op enger Magnéitspull ze entschlësselen, hu mer haut versicht Kontakt mam “mysteriéise Personnage” opzehuelen. An dëse Kontakt ass … gelong!...

0

Komesch Maschinn am Schoulhaff

Et geet weider! Schonn erëm ass haut am Schoulhaff vun der Zentralschoul eng Rumm aus Metall fonnt ginn. Et gesäit aus wéi d’Iwwerreschter vun enger elektrëscher Maschinn. Vill Kanner hu gemengt et wäer vläicht eng Popcorn-Maschinn...

Mysteriéist Stéck Schrott am Haff

Wéi et schéngt gëtt et en neit Puzzlestéck fir eist Schoulrätsel! D’Kanner hunn haut de Murjen e komescht Stéck Blech am Haff fonnd. An donieft louch schonn erëm … Popcorn !?? Komme mir der...

Léif Elteren, Chers parents,

Léif Elteren, Eise Film huet fir vill Reaktioune gesuergt. Dat geet vu superflott bis schrecklech, well en anscheinend eenzelne Kanner Angscht gemaach huet. Dat war net eis Absicht, an dofir entschëllege mir eis. D’Analyse...