21’485 € fir den Télévie!

Den Challenge war 150 kg Mënz fir den Télévie ze sammelen.
Dank eise Schülerinnen a Schüler, déi fläisseg Pätteren a Giedelen fir hire Parrainage-Laf gesicht hunn an duerno äifreg Ronne gelaf sinn, konnt dësen Challenge mat 220 kg Mënz wäit iwwertraff ginn.

Esou konnt eis Schoul dem “Télévie Centre de promesse Kielen” e Chèque am Wäert vun 21’485 € iwwerreechen!

Dat ass eng fantastesch Leeschtung fir déi mir alle Leefer an och alle Pätteren a Giedelen villmols MERCI soen!