Versammlung vum Schülercomité

Den 30. November 2016 huet sech de Schülercomité fir d’éischte Kéier an dësem Schouljoer versammelt. D’Parlamentarier waren voll motivéiert. Si hunn erklärt kritt, wéi d’Parlament fonctionnéiert a mat wat fir engen Themen et sech beschäftegt.
Doropshinn hunn d’Parlamentarier op verschidde Punkten aus hire Klasseréit opmierksam gemaach. Si hunn och schonn eng éischt Décisioun geholl, andeems se dem Elterecomité 3 méiglech Empfänger fir de Schoulfestchèque genannt hunn.

Eng éischt Missioun hu si och scho mat op de Wee kritt:
“Wat wënschen d’Schülerinnen a Schüler sech an der neier Schoul?”
De Schoulcomité seet hinnen all villmols Merci fir hir wäertvoll Mataarbecht a freet sech schonn op déi nächst Réunioun.

La composition du  Comité d’élèves