Virliesconcours 2019 am C4

Haut gouf am C4 de beschte Vierlieser/Vielieserin ermëttelt. D’Nolana, d’Leni, d’Lilly, de Louis, den Tom an den Ehan hunn ëm den Titel “gelies”. Si hunn hir Saach all ganz gutt gemaach, an d’Entscheedung ass dem Jury schwéier gefall. Zum Schluss huet sech dunn awer den Tom duerchgesat. Hie vertrëtt Kielen elo bei de regionalen Ausscheedungen. Mir soen alle VierlieserInnen villmols Merci fir hiert Engagement an drécken dem Tom d’Daumen!