Visites SICA

Den 20. an den 21. Oktober 2020 hunn zwou Klassen aus dem Cycle 3 de Recycling-Center SICA besicht. Si kruten erklärt, wéi den interkommunale Recyclingcenter funktionéiert a kruten och gewiesen, wéi ee richteg recycléiert. Dofir haten d’Schüler Verpackungen vun doheem matbruecht an hunn déi op der Plaz an déi richteg Tut gestach.
Als Ofschloss konnt all Kand sech eng Saach aus dem Second-Hand-Butték aussichen.