Organisatioun
PDS 2021 - 2024
Le nouveau plan de développement scolaire qui porte à nouveau sur une durée de trois ans (de 2021 à 2024) essaie d’améliorer encore le bien-être de tous les membres de la communauté scolaire:
Haaptzil
Bien-être an der Schoul Kielen proaktiv entwéckelen/fërderen an iwwert divers Aktivitéiten an den Schoulalldag integréieren.
Ënnerziler
1. Bis 2024 huet Schoul Kielen divers Mesuren ëmgesat, déi d’Freed um Léieren an der Aarbecht am Schoulalldag fërderen.
Kritären:
Aarbecht | Léieren |
---|---|
Struktur/Oflaf Réuniounen | Schoulesch Aktivitéiten an der Natur |
Teambuilding Aktivitéiten | Visiten |
Simplification administrative | TIC-Notzung iwwerdenken |
Optiounscoursen organiséIeren an ëmsetzen |
2. Bis 2024 huet Schoul Kielen Aktivitéiten (ënnerhalb wéi och ausserhalb vum Unterrëcht) entwéckelt an an den Schoulalldag integréiert, déi d’Kierperbewosstsën an d’Wuelbefannen vun allen Akteuren stäerken an hëllefen, Stress/Drock ofzebauen.
3. Bis 2024 huet Schoul Kielen Aktivitéiten a Verhalensmuster (Sensibiliséierung) zu den Themen Bewegung + gesond Ernährung ausgeschafft a punktuell an de Klassen agesat.
4. Bis 2024 hu mer an der Schoul Kielen d’Infrastruktur analyséIert an am Beräich „Bien-être“ optimiséiert.
5.Bis 2024 hu mer als Schoul Kielen Aktivitéiten ausgeschafft, duerch déi d’Wäerter vun eiser Schoulkultur/Charte erëm visibel gemaach a (vir-)geliewt ginn.