Totemzeremonie Pünktlechkeet

Léif Visiteuren,

Hei gesidd Dir eiser Schoul hier éischt “Totemzeremonie”.
Am Kader vun eisem PRS hun d’Schüler, d’Elteren an d’Enseignanten d’lescht Joer no gemeinsamen Wäerter gesicht,
déi fir eis Schoul wichteg sinn:
Rou
Engagement
Selbststännegkeet
Pünktlechkeet
Eierlechkeet
Kooperatioun
Toleranz
–> RESPEKT

Dëst Joer beschäftegt sech eis Schoul all Mount mat engem aanere Wäert.
Während deem Mount ginn d’Kanner an hiere Klassen unhand vun verschiddenen Aktivitéiten zu deem jeweilegen Wäert sensibiliséiert.
Zum Schluss vun deem Mount versammelt sech dann d’ganz Schoul am Amphithéâter fir en Totem opzeriichten. Dësen Totem gëtt all Mount vun engem aaneren Cycle dekoréiert a symboliséiert de behandelte Wäert. Bei däer Geleegenheet sengt dann och de MUSEP-Grupp e selwer gedichtend Lidd an d’Kanner kréien alleguer e Bänndchen, dat si un d’Anhaale vum Wäert erënnere soll.

All Mount fënd esou eng Totemzeremonie statt, an Dir sidd selbstverständlech all häerzlech invitéiert dorun deelzehuelen.
De jeweils nächsten Datum fannd Dir, nieft ville Fotoen an Informatiounen, all Mount am Gemengebuet.