Feierübung

Wéi all Joer ëm dëss Zäit, üben d’Kanner an d’Enseignanten aus de Kielener Schoulen den Eeschtfall. Dobäi geet et drëms, nom Alarmsignal d’Schoul esou séier ewéi méiglech, awer roueg an organiséiert ze verloossen, an sech dann um Sammelpunkt vun der respektiver Klass opzestellen.

Duerno ass dann den Debriefing, zesumme mat engem Vertrieder vun de Pompjeeën an dem Délégué à la sécurité vun der Gemeng.

Zesummefaassend kann ee soen, dass d’Schougebeier A, B an C vum Schoulcampus ganz séier evakuéiert waren, an domat all d’Kanner a Secherheet waren!

An den nächsten Deeg maachen och d’Spillschoul an de Précoce esou eng Übung.