Mir sammelen fir “catch a smile”

Am Dezember 2018 hunn d’Kanner aus de Klassen Fischbach a Snel en Opruff gemaach fir Kleeder fir d’Flüchtlingen ze sammelen.

Et sinn vill Kanner dem Opruff nokomm an esou konnten 10 Këschten mat Kleeder, Decken,Rucksäck an Hygiènesartikelen zesummengestalt ginn.

De Markus, dee Benevol bei “catch a smile” mathëlleft, ass alles mat sengem Camper siche komm an heen war begeeschtert vun der Hëllefsbereetschaft vun de Kielener Schoulkanner.

Dofir wollt heen iech all am Numm vun der asbl “catch a smile” villmols Merci soen.