Éischt Versammlung vum neie Schülerparlament

Déi 13 Schülerparlamentarier hu sech den 30. Oktober eng éischte Kéier mam Schoulcomité getraff.

Wéinst Covid huet déi Réunioun op Teams stattfonnd. D’Parlamentarier soutzen an hire respektive Klassen virum Computer, an de Bildschirm gouf iwwer Beamer op déi jeweileg Klasseleinwand gespigelt, esou dass all d’Kanner aus de Cyclen 3 a 4 konnten live als Spectateur mat derbäi sinn. Dat war eng ganz flott Experienz! D’Parlamentarier hunn dat souverän gemeeschtert. Si schénge scho richteg Profien am Emgang mat Videokonferenzen ze sinn.

No enger géigesäiteger Virstellung, hunn d’Schülervertrieder erklärt kritt, wéi d’Parlament fonctionnéiert a wat fir Sujeten dohi gehéieren. Uschléissend hu mir zesummen driwwer diskutéiert, wéi déi eenzel Covid-Mesuren bei eis an der Schoul vun de Schüler empfond ginn. Donieft huet och nach all Parlamentarier de Rapport aus sengem Klasserot gemaach.

Ech wëll de Parlamentarier och nach eng Kéier vun dëser Plaatz aus zu hirer Wahl gratuléieren an hinne Merci soen fir hiren Asaatz am Interessi vun hire Matschüler an eiser ganzer Schoul!

Paul Bodson

President vum Schoulcomité