Eist Schülerparlament planzt Beem
Eist Schülerparlament hat décidéiert, dass den Erléis vum leschte Schoulfest sollt der Ëmwelt zugutt kommen.
Op dem Fierschter seng Propose hinn, si mat de Suen Hordengatter a kleng Beem kaf ginn, déi zu Meispelt am Bësch sollte geplanzt ginn.
An haut ass et du lass gaang:
No eiser ordinärer Réunioun si mir mam Minibus op Meispelt gefuer, wou schonn de “Bëschtaxi” op eis gewaart huet.
Hien huet eis bis un de Bëschrand transporéiert, wou mir vum Fierschter a senge Mataarbechter erwaart goufen.
A Gruppe vun 3-4 Parlamentarier hu mir du jeweils +- 25 kleng Beem an 4 Hordengatter geplanzt.
Mir soen, dem Fierschter a senge Leit Merci fir dee flotte Mëtten!