Peer-Mediateuren

Säit der Rentrée 2018-19 verfügt eis Schoul iwwer ausgebilte Peer-Mediateuren. Si nennen sech “Troublebreaker”.

Dat sinn Schülerinnen a Schüler aus dem C4.2., déi eng Formatioun vu 14 Stonnen gemaach hunn, an där si geléiert hunn, wéi een e Sträit tëschent 2 Schüler, unhand vun engem Gespréich schlichte kann. Während dëser Formatioun, déi vun eiser Schoulpsychologin geleet gouf, hu si hiert Wëssen och ëmmer erëm a Rollespiller ënner Beweis gestallt.