Schülercomité op Besuch beim Schefferot

Eise Schülercomité gouf haut vum Kielener Schefferot empfaang.

Wéinst Corona war dat net op der Gemeng, mee am Musiksall zu Kielen.

No engem interessanten Austausch, wou d’Schülervertrieder all hir Froe stelle konnten,

kruten si dunn eng gutt Pizza offréiert.

E grousse Merci de Schülervertrieder an och dem Schefferot fir hir Disponibilitéit.