De SPOOKY ass komm! –> Hei déi éischt Biller!

Gëscht hat d’Schoul Kielen de Spooky an den Amphi invitéiert.

400 Kanner waren do an hu gespaant gewaart.

An dunn ass et tatsächlech geschitt! De Spooky ass komm!

Wanns du wëlls gesinn, wéi hien ausgesäit, a wat alles geschitt ass, da klick op dëse Link.

Do gesäis du alles, wéi wanns du selwer dobäi gewiescht wärs. Bei dësem 360°-Film kanns du selwer bestëmmen, a wat fir eng Richtung du kucke wëlls. Mee opgepasst, dofir musst du awer de Browser “Google Chrome” benotzen!

Vill Spaass!

N.B. Eisen eigentleche Film wäert vu vill besserer Qualitéit sinn. Mee do muss du dech nach e bësse gedëllegen, deen ass nach am Montage.