Martin Klein

De 27. an den 28. Juni hate mir de Schrëftsteller Martin Klein zu Besuch. Hien huet op eng lieweg Art a Weis aus sengem Buch “Anpfiff mit Hindernissen” virgelies. E Buch wat thematesch net besser hätt passe kënnen. Spannung a Witz waren um Rendez-vous an esou konnten d’Schüler erliewen, wéi flott et ass engem Kannerbuchauteur nozelauschteren oder selwer e puer vun deene ville Bicher vum Martin Klein ze liesen.