Retraites Monique a Manon

Am Oktober 2018 hunn d’Monique Hoffmann an d’Manon Wagner aus dem Préscolaire hir wuelverdéngte Pensioun ugetrueden. Bei enger flotter Feier, op déi eis di 2 sympathesch Kolleginnen invitéiert haten, hu mer hir Carrière nach enger Kéier humorischtesch beliicht. Do dernieft hu mer hinne gutt Rotschléi an och di néideg Materialien mat op de Wee ginn, esou datt se hir Pensioun voll a ganz genéisse kënnen.