Eng komesch Decken am Precoce opgetaucht

De Metten wéi d`Kanner zu Olm an d’ Paus wollte gon, hun sie op emol eng komesch Sach am Haff entdeckt…. ” E komeschen denne Plastik mat Popcorn”. D’ Kanner hun e puer Hypothesen opgestallt: “et war den Hulk”, “e Fuuss oder Wollef” jo souguer Spuere vum Wollef hu se entdeckt… Et war eng spannend Sach a lo waarde sie gespaant op eng Léisung… Sie si sech eens ginn dass et misst vum Himmel gefall sinn. Den Tim wär och gär an den Himmel kucke gang, mee “déi 8 an 1 Meter sinn zevill héich”. Schlussendlech huet d’ Joffer Mandy d’ Decke matgeholl, fir dem Pompjee Tom se ze weisen, dee weess vläit méi.
Affaire à suivre…

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert